Den Ponygrupp
dauert 1 bis 1,5 Stonnen. Je no Alter vun de Kanner.
Mer leeën Wäert drop dass d' Kanner Zäit hunn, um Haff unzekommen, sech ze begréissen, e bëssen ze verzielen.... mer verdeelen d Ponyen an gin se zesummen sichen... ob d'Wiss, an de Stall oder an hir Box....
Fir d Zäiten vun Konzentratioun an Entspanung ofzewiesselen, botzen mir fir t'eicht grëndlech eise Pony....
D' Kanner sinn 2 an 2 bei engem Pony fir dass een deem Aneren kann hëllefen.
Mer huelen eis Zäit.... d Ponyen hunn net gäeren Stress an Hektik!
Duerno maachen mer Übungen a Spiller mat an um Päerd....och Buedemaarbecht, Theorie and Pfleg vum Pony sinn wichteg Themen am Ponygrupp....an och mol kléng Stallaarbechten .... ett bleift tëschenduerch ëmmer erëm Zäit fir sech ze entspaanen. Ett kënnt duerchaus mol vir dass d'Kanner sech och mol an de Sand sëtzen an spillen, oder am Moolatelier ee Bild moolen fir dat wat se geléiert hun, ze verschaffen....D' Entwécklung vum Kand, den Kontakt mat aanere Kanner,
d' Wuelbefannen an d Vertrauen, de Respekt vierun der Natur an den Liewewiesen, dem Pony, stinn am Mëttelpunkt....
Mer leen Wäert drob dass no der Aarbecht de Pony gutt versuergt gëtt, eng Belounung kritt an nees zréckbruecht gëtt.
Buedemaarbecht fir Grouss a Kléng
E ganz grouße Wäert leën mer op d'Buedemaarbecht mam Päerd...
Et baut een eng vill méi intensiv Bezéiung zum Päerd ob, et léiert een séng eegen Kierpersprooch an d'Sprooch vun de Päerd besser kennen, ett gëtt een sech sénger Energie bewosst an et baut een Selbstbewosstsin op... Heiansdo haalen si eis souguer ee Spigel virun d'Aen. Et kann een Lektiounen vum Buedem aus maachen , déi een herno beim Reiden besser versteet....
Et verléiert een Ängschten, et kritt een Vertrauen zum Päerd an och d'Päerd leiert eis ze vertrauen an ze respektéieren.
Buedemaarbecht well soen: Longéieren, Zirkustricker, Horsemanship, Gymnastik vum Buedem aus , Parcourer opbauen an zësummen bewältegen, Geschécklechkeetstraining, Scheutraining a villes méi....
Mer benotzen Elementer vum Nathalie Penquitt, Linda Tellington Jones, Susanne Lohas, Babette Teschen,
Pat Parelli an an an....
Wellness- Reitstonnen
Hei steet d'Zësummenaarbecht an d'Wuelfillen vun Päerd/ Pony an vum Reider am Mëttelpunkt. Jiddereen leiert no sengem Tempo.
Et läit eis um Häerz, dass den Reider " richteg" reiden léiert, och wann Reiden als Sport bei eis net am Mëttelpunkt steet...... et ass eis wichteg, dass een feinfühleg, douce an genau mam Päerd kommunizéiert, Zigel, Schenkel a Gewiichtshëllefen kennt an een ausbalancéierten Sëtz entwéckelt....och wann et e bësse méi laang dauert.....
An mer passen op dat eis Päerd fläisseg a gesond matschaffen
Mer verzichten ob Hëllefsmëttelen wei Ausbinder, Schlaufziggelen, asw.
Am Ufank vun all Reittherapie fënnt en Virgespréich statt.
Reittherapie ass eng ganzheetlech Therapie, wou all d' Beräicher vum Mënsch ugeschwaat ginn... kierperlech, sozial, emotional, .....
Eis Stonnen ginn ob bestëmmten Zieler hinn suergsam virbereet an oofgehaalen....
Mir wëllen d'Liewensqualitéit vun eisen Clienten ee Stéck wäit verbesseren, eisen Client dovun iwwerzeegen, dass en an der Lag ass , Aufgaben ze meeschteren, sech kompetent an wäertvoll ze fillen.
Eisen Partner Päerd ass dobäi een wichtege Faktor: d'Päerd huet keng Viruerteeler, et kann eis an eis Problemer e Stéck weit droën, schaaft Vertrauen an Bindung, Motivatioun an Selbstvertrauen,
D'Bewegungsimpulser vum Päerd sinn deenen vum Mënsch immens ähnlech, dofir immens wäertvoll fir de Reider.....d Pärd gëtt eis direkt eng Äntwert drob wann mer nervös, gestresst, ongedëlleg oder hektesch sinn ....och dest as z.B. en ganz wertvollen Effekt an der Aarbecht matt hyperaktiven Kanner.... d Päerd kann dei Bindung schaafen, dei een vermësst oder nie hat....
Therapeutescht Reiden bidden mir un z.B. bei: