D'Amy ass eng 22-jähreg Shetlandpony- Madame.  Hat huet eng Ausbildung als Therapiepony, kännt Buedemaarbescht an ë puer kléng Zirkuslektiounen. Hatt gëtt vun kléngen Kanner bis liichten Jugendlechen selbststänneg geridden. Duerch säin knuffëgen Pelz an séng laang Mähn ass hatt den Draampony vun all Kand.
 
D'Pippi Lotta as eng Islänner-Mix-Madame. Hatt ass 1,42 m grouß, huet 15 JoërHatt mëcht schrécklech gäeren Buedemaarbecht, léiert gäeren nei Tricker, ass en supper Reitpony fir kleng a grouß , wann een schon e bëssen Reiterfahrung huet. Hat geht immens gäeren an de Bësch ausreiden.....

D'Ronja ass eng 23-jähreg Welsh- Shetty- Mix-Madame.... Hatt ass 1 Meter héich....Hatt ass een Draam- Reitpony.... kennt Zirkustricker, léist sech gutt vun kléngen Kanner féieren, mëcht gäeren Buedemaarbecht, an geht gäeren an de Bësch.... Hatt genéisst  och gäeren séng Rou ob der Wiss.

Hat huet gäeren, wann een hatt douce behandelt.....

D' Pollyas eng 20-jähreg Shetty-Madame. Hatt ass 1 Meter grouß 
Hatt ass nach net sou laang bei eis.
D Polly gett gären douce behandelt an gett schrecklech gär verwinnt.
Hatt fäert absolut näicht...Beim Reiden matt kléngen Kanner ass hatt ganz gedëlleg,. an huet den typeschen Ponysturkapp.
D'Minka ass eng 19 Joër jonk Haflinger-Mix-Madam. Hatt ass d' Leitmier vun der ganzer Häerd, d.h. de Chef . Hat hëllt seng Roll ganz eecht an passt op dass alles séng Uerdnung huet.... Hatt ass dat bäschtent Päerd aus dem Stall.... Leider huet hat Arthros an muss schounend geridde gin.... hat as ee gudd Therapiepäerd, Reitpäerd, Bëschpäerd.... mëcht gäeren Buedemaarbescht.... hatt mëcht kéng Zirkustricker.... dofir ass hatt zevill seriö.....:-) hat as dem Mënsch, den mat him zedin huet säin Spigel.... an weist engem genee wat hatt wëll an wat net....
De Blizz ass den sensibelsten den mir hun. Hen ass een 6-jähregen Irish-Tinker.
Hen ass 1,50m grouß. Hen ass een absoluten Buedemaarbecht-Fan.... hen reagéiert op dei kléngsten Unzeechen vun eiser Kierpersprooch. Och heen hällt engem een Spigel virun d'Aen!
Hen ass nach an der Ausbildung, léiert schrecklech gären nei Saachen... ass awer ganz sensibel an brauch een doucen Reider.
Hen gefällt gäeren sengem Mënsch... an well näicht falsch maachen..
Zirkustricker kann hen och schon ë puer....
Hen mecht am léiwsten laang Ausrëtter...Hen bréngt jiddereen dozou heen ze heemelen an mat him ze schmusen. Hen huet eng wonnerschein laang Mähn.
De Fanta ass eisen Bébé.... heen as een wonnerschéinen Tinker vu 6 Joër!
Hen ass bei eis op d'Welt komm....
Heen ass grouss an staark.... an .... heinsdo bessi stur!
Heen gëtt gären beschäftegt, geht supper gäeren an de Bësch.... alléng oder zu puer....
An der Pist léiert hen grad Seitegäng.... heen as net ëmmer einfach ze reiden, an weist och mol wann heen eppes zevill ustrengend fënt!
D'Kalinka ass eng 20-Joër jonk Tinker-Madam.
Hat as d' Mamm vum Fanta....
Hatt as supper brav . Hatt gëtt all Kand direkt een suppert Vertrauen. Hatt ass net ëmmer motivéiert fir ze schaffen, awer hatt gëtt säin Bäscht.
Hatt huet och altersbedingt Arthros....Dofir geht hatt just nach am Schrëtt an an den Bësch.
Hatt as een supper leiwt Therapiepony an d' Ponygruppen maachen him vill Freed, well hatt do vill geknuddelt gëtt an vill Bewegung kritt.
Den Eros ass een original schwäizer Freiberger . Hen huet 13 Joër,  1m 63 grouß.... Hen as een Allrounder.... mat him kann hen wonnerbar Dressurlektiounen an der Bunn reiden, souwei Sprangen, oder an de Besch goën.... duerch séng Rou an séng Gedold ass hen och ee gutt Therapiepäerd..... hen ass och ganz motivéiert bei der Buedemaarbecht.
Hen huet d Häerz vun villen Reider erobert❤️

Yolka❤️❤️

😀

D Olanda as eng total verschmusten gudd ausgebild 10 jähreg Haflingermier
Hat as leif a sensibel a probeiert kidderengem ze gefalen
Den Sir Lancelot as en 120 cm grousse Pony, eisen klengen Ostwind
Heen as e wonnerscheinen Pony den schon duerch vill Hänn gangen as, an hoffentlech bei eis lo sein Doheem fond huet.