Mer sin e klengen Familienbetrieb wou jiddereen um Haff hëlleft, deen Een mei, deen Aneren manner ,je nodeem weivill Zeit een niewt Beruf an Schoul nach iwreg huet
Haaptberuflech um Haff schafft:

LIETTE DE ROY-WEBER
Ech sin diplomeiert Infirmière
Hun een pedagogescht Fernstudium absolveiert
Ausbildung zur Reittherapeutin bei Equimotion
Weiderbildung "Persönlichkeitsentwicklung und Psychotherapie am Pferd"bei Equimotion
Fortbildung" Management für Reitbetriebe"
Fortbildung zum
" Natural kids Trainer"
diplomeiert spill an entwecklungspädagogesch Trainerin „Lernen mit Pferden“ zur Zeit amgangen mam Legasthenie an Dyskalkulietrainer vun Erelhttps://lernenmitpferden.at/
Basispass, Reitpass an Buedemarbechtsofzeechen FN
Fir selwer emmer Neies ze leieren an Gewosstes ze verdeiwen hun mir eis privat Trainerinnen fir Reitstonnen, Buedemarbecht, Zirzensik an Horsemanship...d Betty Weis an d Romy Wirtz....mer sin immens frou sie als Ennerstetzung ob eisem Haff  ze hun...
Stagen mat hinnen sin bei Interressi och meigleg.
Ech hun seit 36 Joer(!) eege Pärd
Ech hun 3 Kanner an sin seit 25 Joer bestued....mam

De Roy Hans
Heen as Kach mat Meeschterprüfung
Heen reit seit 20 Joer , huet den Basispass an de Reitpass vun der FN, geet, souweit d Zeit et erlabt, regelmeisseg ob divers Stagen ,hellt regelmeisseg un Hufbearbeitungskueren deel. 2017 kruut heen den Diplom zum Bauernhofpädagog vun der APFAPL.
Hen as dei gudd Seil vum Haff deen dei Arbechten mecht dei keen  su direkt geseit...

Eis 3 Kanner:
D Laura de Roy
Eis Joffer
Helleft an de Ponygruppen an  bei der Reittherapie, , souweit de Beruf et erlaabt, an leist do ganz vill flott Saachen an Iddien mat afleissen. Bei den erliewnispädagogeschen Aktiviteiten huet hat dei beschten Iddien an organiseiert am Hannergrond.
Hat huet den Basispass vun der FN
an en 1. Hellefskuer
Seng Leidenschaft as schwammen an hat as Trainerin zu Woltz am Schwammklub

D Marie de Roy
Hat huet sein Diplom vun der 13 ème agricole mat Schweierpunkt Pärd Zucht und Haltung, mescht dest Joer d Fortbildung fir deieregestützen Interventiounen an as     Bauernhofpädagogin
Hat konnt reiden eet hat laafe konnt an as mer um Haff eng grouss Hellef
Hat hellt och regelmeisseg un Stagen deel, wei Hufbearbeitung,Longeieren no Babette Teschen, Reitstage Centered Riding mam Relana Beck, hellt regelmeisseg Reitstonnen beim Romy Wirtz an Buedemarbechtskueren beim Betty Weis
Hat huet de Basispass , Reitabzeichen 5,an de Reitpass vun der FN, an een 1. Hellefkuer

De Philippe de Roy
Dee Jengsten vun der Trupp, 16 Joer aal.
Reit och seit en laafe kann, as zoustänneg fir d Ponyen ze bewegen, an helleft sengem Papp d Pist riitzeien, am Ponygrupp oder bei de Gebuertsdeeg as heen fir d Animatioun an d Bastelen zoustänneg.Heen huet och de Basispass vun der FN
Heen war meng Motivatioun d Ausbildung fir Reittherapeutin ze maachen....ech hun eng Alternativ gesicht zu Medikamenter bei 
mengem Zappelphilippe.... d Reiden   An d Natur huet him iwer Joeren dobei gehollef sein " Gleichgewiicht" ze fannen, an aus him as een stattlechen jonken Borscht gin ob den mer all stolz sin

An net ze vergiessen all eis trei Helferinnen/ Helfer 
Julie Kinnen
Lynn a Claire Texeira
Lana Rizzi
Aline Scheer
Mara Broers
Nelly Broers
Mara Riehl
Sabus Sandy
Laura de Roy
Marie de Roy
Philippe de Roy
 Peggy a Bernard

An all eis Praktikanten:-)
De Wuffi an eis Kaatzen
De Wuffi an eis Kaatzen
Eis Hinger
Eis Hinger
Eis Kannengercher
Eis Kannengercher